Hyme vun aisem Verain Eis Trefferquot apart Vum Géigner stets gefaart Bis zur nächster Nidderlag e laange Baart Dem Fussballshimmel no E faire Match, keng Fro 11 Frënn, ee fir deen aneren do Alles fir de Club An duerno eng gudd Schlupp Déi drénke mir nees aus eiser Coupe FC Kanech kinnéksblo Mir gi Gas bis Ultimo FC Kanech Dem Stär vum Osten no Mir liewen eisen Dram 90 Minuten laang Mat Spilles Haan mir iech an eis blo Pân E Forfait wier dat bescht Soss geet iech méi schlecht Äer zweet Plaz gëtt gedeelt mam ganze Rescht Dir hudd laang drop gewaart Lo dréiht sech endlech d’Blaat Eng rout Drëpp schmaacht besser wéi eng Kaart FC Kanech kinnéksblo Mir gi Gas bis Ultimo FC Kanech Dem Stär vum Osten no Vun Hakenhaff bis Pletschettemillen Kann een eis Laola fillen Hand op d’Häerz, zesummen sange mir : FC Kanech kinnéksblo Mir gi Gas bis Ultimo FC Kanech Dem Stär vum Osten no       Aise Shop