De Georges Menster gett neien Trainer


25 April 2017

Den FC Jeunesse Kanech ass am gaangen sech fir d'Saison 2017/2018 nei opzestellen. Daat neit Gesiicht op der Trainerbänk gett den Georges Menster (42).

Nodeems hien eng Rei Joren als Jugendtrainer an der FLF-Fussballschoul beschäftegt war, huet hien sain Heemechtsverain Luerentzweiler trainéiert, déi hien aus der zweeter an di éischt Divisioun gefouert haat. Di lescht 3 Joer war hien zu Izeg Trainer, wou hien d'Konschtstéck färdeg bruecht huet matt Izeg an di éischt Divisioun opzesteigen.

Niewt dem Franck Bento (Co-Trainer) an dem Artur Guedes (Goalkippstrainer) ass och den Nico Gilbertz als neien Co-Trainer matt u Bord.

De Patrick Maurer bleiwt dem Verain awer erhaalen. Hien iwwerhellt di sportlech Leedung zesummen mam Sascha Marx an dem Laurent Hoeser.

Elo ass et dann awer och un der Zait de Kader fir di nächst Saison zesummen ze stellen. Di éischt gudd Nouvelle ass och schonn do: di zwee Kanecher Bouwen, den Tom Maurer an den Tun Rauen hun hir jeweileg Kontrakter verlängert a bleiwen dem Verain deemno och an Zukunft erhaalen.