REMIS GEINT DEN FC US HUESCHTERT


24 August 2023

Ons Equipe huet sech an hirem Éischten Championnatsmatch vun dëser Saison ganz gutt geschloe.
 
No engem Réckstand vun 1-0 huet ons Equipe virun der Paus den Match gedréint an no 45' stoung et 1-2 vir ons. Et war gewosst, dass Hueschtert esou séier ewéi méiglech den 2-2 sichen géif, ma d'Kanecher waren drop virbereed an hunn en Konter perfekt benotzt vir den 1-3 ze schéissen. De Match ass awer gewosst just eriwwer, wann den Arbitter päift, an sou huet d'US Hueschtert an den leschten Minutten zwee mol getraff, woubäi een soen muss, dass déi Goaler ze vermeiden waren. Insgesamt war dëst awer e gudde Match, wou Kanech d'Iwwerhand hat an vill Occasiounen geschaaft huet, an dëst géint een vun den Favoritten vir den Opstig.
 
 
Dëse Sonndeg, den 27 August, fënnt onsen éischten Heemmatch statt. Do spillen mir géint d'Residence Walfer. Mir hoffen, Iech och do kënnen ze begréissen.
 
Bloen Iesel Huel se