Championnatsmatch Nummer 3


02 September 2023

Muer, den 3 September, spillt ons éischt Equipe hiren nächsten Championnatsmatch auswäerts géint den Sporting Club Bettembourg. Béid Equippen haten et déi éischt zwee Mätscher schwiereg, dofir sichen béid Equippen sech ze relancéieren, wat dësen Match nach mi interessant mëscht. Gespillt gëtt zu Beetebuerg.
 
Mir freeën eis, Iech am Stade Municipal ze gesinn an hoffen, dass 3 Punkten mat op Kanech gin!