D'Wanterpreparatioun leeft!


13 January 2024

Léiw Supporter,
den FC Jeunesse Kanech wënscht als aller éischt mol, dass dir gutt an d'Joer 2024 gestart sidd a wënschen Iech e schéint néit Joer. 

Ons Éischt Equipe huet d'lescht Woch offiziell mat der Wanterpreparatioun ugefaangen. Fir sech beschtméiglech ze preparéieren, spillt ons Equippe natierlech Frëndschaftsmatcher. Den éischte steet och schonn virun der Dier, an zwar géint den aktuelle Leader vun der BGL-Ligue, den FC Déifferdeng 03 ????. Dëse Match gëtt e Mëttwoch zu Uewerkuer op hirem éischten Terrain gespillt. Ugepaff gëtt um 19h30. Kommt ons Equipe an de Süden ënnerstëtzen! Mir freeën ons, Iech alleguerten erëm ze gesinn.

Bloen Iesel HUEL SE! ????????