De Valentin Roulez kennt op Kanech
15 May 2017
De Kader fir di nächst Saison kritt Konturen:
Mam Tom Maurer (19), dem Christophe Thiel (20) an dem Tun Rauen (22) hu glaich eis 3 jonk letzebuerger Talenter hir Kontrakter verlängert.
Ausserdeem konnte mer zwee Jongen vu Wuermer verpflichten, déi mir jo schonn aus eisen Jugendekippen vun der Entente Osten kennen: den Max Kirsch (17) an de Félix Kos (17).
De Stéphane Giorgi (20) kennt vu Bayonne aus Frankraich. Hien geet elo zu Letzebuerg op d'Uni a schléisst sech eis fir d'Dauer vu sengen Studien un.
Zousätzlech konnte mer och eisen U-21 Nationalgoalkipp, de Valentin Roulez (20) iwwerzeegen, seng Zelter di nächst Saison zu Kanech opzeschloen. Hien kennt vu Monnerech.
Hinnen all elo schonns "Bonne Chance"