D'Gemeng weiht den Terrain an
16 October 2018
De Schäfferot vun der Gemeng Lenneng huet d’Freed, Iech ganz häerzlech op d’Aweiung vun den neien Infrastrukturen um Fussballsterrain zu Kanech anzelueden
Donneschdes, den 18. Oktober 2018 um 16:00 Auer
Rendezvous ass beim Fussballsterrain zu Kanech (Ausgang vun der Uertschaft a Richtung Lenneng)
Programm:
Et schwätzen:
- den Här Arnold Rippinger, Buergermeeschter,
- den Här Manuel Schumacher, President vum FC Jeunesse Kanech,
- den Här Paul Philipp, President vun der FLF,
- den Här Rob Thillens, Sportskommissär
- den Här Romain Schneider, Sportsminister
Kierchlech Aseegnung vun den neien Infrastrukturen duerch den Här Marcel Pundel, Dechen
Visite des lieux an Erklärunge vum Här Joël Wagener, Schäffen
Nom offiziellen Deel gëtt en Éierewäin zerwéiert.