Derby gewonn


26 August 2018

Mann vum Match war eisen Goalgetter Olivier Mukendi, dee matt 2 Goaler an enger Virlaag ze iwwerzeege wosst. Deen aaneren Goal huet den Emmanuel Billa geschoss.
D’Virlaagen fir di zwee Goaler vum Olli waren exzellent: eng Kéier ee Pass an d’Déift vum Mika Negi an eng Kéier eng Flank vu riets vum Nando Gomes. Ze bemierken wieren och nach 2 roud Kaarten fir di Wuermer, déi hinnen definitiv méi geschued hun ewéi eis!