INTERVIEW Gary Bernard


06 March 2020

Den Sonnden géint Weiler, kennt et zu engem Bridderduell, op eiser Säit den Gary, an op der Weiler Seit den Cliff. Mir hunn eis Zäit geholl, eisen jonken Stiermer den Gary ze interviewen. Den Gary huet eng super Preparatioun gespillt ( 6 Goler) an huet dann och direkt leschten Sonnden rëm zougeschloen. Wat et mam Spëtznumm Haaland op sech huet, wei den Gary zum Match steet an nach villes méi, gitt dir am dësem éierlechen Interview gewuer.

Gary, du hues an der Hironn vill mat der Zweeter gespillt an leider net vill
Asazzäiten krut bei der éischter. Dann kennt déi englesch Woch virun der Wanterpaus, 9 punkten, 3 mol onze de base, 1 Gol. Beschreif ebesse däin Gefill no der 9 punkte Woch?

Gary Bernard: Den Ufank vun der Saison ass net esou gutt vir mech perséinlech gelaf. Mee dann no deier 9 punkten Woch, wuer ech scho erliichtert. Ech hunn 3mol vun Ufank un gespillt, hunn een Goal geschoss an dat wichtegst waren dass mir gewonnen hunn. Am groussen Ganzen sinn ech awer mat menger Hironn net zefridden an well et elo an da Réckronn besser maachen.

Du gehéiers zu den Jonken am Kader, mat dengen 19joer, mam Adrian (19), Joshua (18), Jim (19) an Lissander (18) kommen bei eis reegelméisseg Jonker zum Asaz. Hues de d Gefill dass en sech zu Kanech weiderentwéckelen kann?

Gary Bernard: Jo, natierlech kann een sech zu Kanech gutt weiderentwéckelen, mee natierlech muss een och vertrauen kréien vum Trainer. Dat Vertrauen kréien mir Jonker mengen ech zu 100%, sos géifen mir net esou oft zum Asaz kommen.

Kommen ma lo bei den Match vun en Sonnden, beim Himatch war däin Brudder leider net am Kader an du waars an der 82ter rakomm. Den Sonnden geséit et dono aus wei wann béid Gebridder um Terrain stoen wäerten. Frees de dech géint däin groussen Brudder ze spillen, riskéiert dir Streit ze kréien? An wat soen d'Elteren zum Match.

Gary Bernard: Ech freeën mech riseg den Sonnden géint mäin Brudder ze spillen, dass déi éischte Kéier wou mir iwwerhaapt géint eneen spillen sos hu ma an da Jugend
matenee gespillt, an elo sti ma eis géigeniwwer, mee ech mengen net dass ma Streit kréien. Mir hunn een mega gutt Verhältnis an sinn och ëmmer vir eis ënnerteneen do wann een sech brauch. Natierlech huet een des Woch hei heem scho gesi dass mir allen 2 Nervös sinn an eis scho ënnerteneen provozéieren well mir 2 sinn schlecht Verléierer an et geet och wéineg em den Stolz vun eis 2. Méi Pap gesäit den Match mäi relax hien seet deen besseren soll gewannen (remarque Froensteller : « Dann ass en io fir Kanech den Sonnden ») . Wann et zu engem Zweekampf kennt dann ass dat esou, esou ass Fussball. Mee meng Mam mengen ech ass mäi nervös wei mir 2 zesummen. Sie panikéiert scho wa mir eis
ënnerteneen provozéieren an wann och emol Saachen aus dem Mond kommen vun mengem Brudder well hien Verdeedeger ass ,,ech huelen dech vun den Been" dann panikéiert Sie scho. Mee am groussen Ganzen freeë ma eis alleguer op den Match.

Wat sinn deng Ziler an Zukunft bei Kanech aus perséinlecher an kollektiver Siicht.
 
Gary Bernard: Aus perséinlecher Sicht hoffen ech, geet et vir mech esou weider wei d’Hironn opgehalen huet. Ech hoffen dass ech vill spillen, deen een oder aneren Goal nach
schéissen oder virbereeden. Als Equipe hoffen ech einfach dass mir esou séier wei
méiglech aus dem Keller kommen. Sou dass mir mam Ofstig näischt ze dinn hu an dann kucken ma weider. Natierlech wëllen ma zum Schluss vum Championnat esou uewen wei méiglech stoen.

Wat sinn op laang Siicht deng Ziler am Fussball? An wei koum et dozou dass deng Matspiller dech bemol Haaland nennen?

Gary Bernard: Meng perséinlech Zieler sinn esou héich wei méiglech ze spillen. Ech kommen aus Däitschland (a jugend: Eintracht Tréier), hat och deen een oder aneren Probetraining bei Profiveräiner an mäin Dram ass et nach ëmmer Profi ze gi. Wann ech kucken mat wei vill Joer den Oli Thill oder den Laurent Jans Profi gi sinn dann hunn ech och nach Zéit.Jo
dat mam Haaland wuer scho eng witzeg Saach wou ech dat op Facebook gelies hunn well ech an den Testmatcher gutt drop wuer. Sinn owes an d'Kabinn komm an sie hunn schon all den Geck gemaach an gelaacht mee iergendwéi ass dat mäin neien Numm an der Kabinn well et nennen mech da net mäi vill Gary, lo heeschen ech bemol Haaland. Zemools den Dylan deen huet haaptsächlech domat ugefaangen mech esou ze nennen.

Vervollstänneg den Saz:
" Mat Kanech opsteigen ass fir mech ... "

Gary Bernard: Mat Kanech opsteigen ass vir mech een grousst Ziel vir déi nächst Joer well Kanech gehéiert zeréck an d'BGL.
 
propos recueillis par Emile Weber