Manuel Schumacher neien President


04 July 2018

Nodeems den Paul Trierweiler sech Enn 2017 als President zeréckgezunn haat, hun den Romain Kill an den Robert Back den Interim assuréiert.

Sait geschter Owend ass et dann elo offiziell:
De Manuel Schumacher iwwerhëllt de Presidentenposten vum FC Jeunesse Kanech.
Sait 41 Joër ass hien elo een treien Member. Fir d'éischt als Spiller an dono als Comitésmember kennt hien den Klub aus dem Effeff.

Merci Manu, dass du dësen wichtegen Posten iwwerholl hues a bonne Chance matt denger neier Ekipp !

Et sief hei och gesoot, dass eisen Comité Zouwuess kritt huet: den Tim Karius, de Neckel Roth an den Dan Hoffmann paaken eng Hand matt un. Och hinnen elo schonn een décke Merci.