No den Lännermatcher rullt de Ball erëm zu Letzebuerg


05 September 2017

An deenen nächsten Deeg geet d' Saison fir Kanech esou richteg lass. No deem onglécklechen Start ouni Punkt no 2 Matcher an enger Onmass vun blesséierten a gespaarten Spiller erwaart eis elo eng 'englesch Woch' wou 9 Punkten verdeelt ginn. Mir starten e Sonndech um 16h zu Ierpeldeng, déi wéi mir nach ouni Punkt do stinn. Duerno geet et Mëttwochs um 20h zu Kanech géint Millebaach weider. Den Opsteiger huet eng enorm staark Ekipp a steet mam Maximum vu 6 Punkten ganz uewen an der Tabell. Den Ofschloss vun der Woch ass dann Sonndes den 17.9. um 16h zu Hesper.

E Freidech um 20h spillt eis 2. Ekipp an der Coupe doheem géint Berbuerg. Avis aux amateurs !