Succes mat 7-6 geint Englänner vun Spelthorne Rangers FC


24 September 2017

Gescht Samschten hun ais Veteranen di 1. Keier géint eng englesch Equipe zu Kanech gespillt. Jongen vun Spelthorne Rangers FC waren op engem Vétéranen-Ausflug vun e puer Deeg hai zu Letzebuerg an hun sech et net huelen geloos, geint Kanecher Vétéranen unzetrieden, an engem animeierten Match, wou et an der Halbzeit 5-2 stung fir ais Faarwen, hun Englänner dei 2. Halbzeit opgedreint nach sin bis op 5-4 runkomm. Um Enn gewennt ais Härrenequipe mat 7-6 geint Spelthorne Rangers.

3. Halbzeit, wou Englänner et sech och net huelen geloos hun an hinnen de letzbuerger Béier an de Fiederwaissen richteg gudd geschmacht hun, war e gelongen Ofschloss ennert desen flotten Daag. E Retour Match am Stadion vun den Queens Park Rangers fennt dann och an de nächste Joren statt.

Villmols Merci jiderengem, deen matgewierkt huet an gehollef huet, desen Event ze organiseieren.