A gudden an a schwéieren Zäiten, zesummen packe mir alles! Matchday 30

20th May 2024

club logo

FC Jeunesse Canach

image

 Mir wëssen et alleguer, des Saison war bis ewell ganz komplizéiert fir eis 1. Equipe. Et huet immens u Konstanz gefeelt an dat huet eis ganz vill Punkte kascht. Mir sinn den Ament an enger schwiereger Situatioun, zumools no der Néierlag zu Rodange. Ma eppes ass sécher, zesumme packt de bloen Iesel alles! A gudde Momenter stinn mir zesummen, mais grad an de schwierege Momenter muss een zesumme schaffen a weisen, wéi staark de bloen Iesel wierklech ass. 


Dëst ass en Appell fir all Kanecher, Fan a sympathisant vum FC Jeunesse Kanech. Dëse Sonndeg ass dee leschte Championnatsmatch vun der Saison. Eng Victoire wier synonym fir sécheren Klassenerhalt ouni Barragematch, egal wéi di aner Matcher ausginn. Dofir biede mir Iech, a blo a wäiss ze kommen an ons Equipe beschtméiglech z'ënnerstëtzen. Si brauchen Iech, mir brauchen Iech. 

Gespillt gëtt um 16h00 géint den US Hueschtert. Zesumme packe mir et!


Bloen Iesel, HUEL SE!!!!💙🤍