Mir hunn et gepackt!

27th May 2024

club logo

FC Jeunesse Canach

image


Huff..Wat eng Saison. Eng Saison déi mat engem gudde Match ufänkt zu Hueschtert, wou mir an de leschte Minutten 2 Goler geschoss kruten an 3-3 spillen. Eng Saison, wou mir an de leschte Minutten (85’+) 10 (!!!) Goler geschoss kréien déi dofir suergen datt mir Punkte leie loossen. Eng Saison mat ville Verletzungen. Eng Saison, déi mat engem gudde Match géint Hueschtert doheem op en Enn geet. Fakt ass, Kanech bleift an der Éierepromotioun. Ende Gut, alles Gut.


E ganz grousse Merci un all déi Supporter déi gëschter den FC Jeunesse Kanech ënnerstëtzen komm ass. D’Stëmmung war super. Mir wënschen de Spiller, dem Staff an dem Comité eng erhuelsam Paus a mir gesinn ons am Juli erëm! Merci💙🤍


FC Jeunesse Kanech