Coupe Roby Sulkers - Finale
11th August 2024
FC Jeunesse Canach

No der Victoire e leschte Samschde géint den Noper vu Wuermer spillt ons éischt Equipe haut d'Finale vun der Coupe ''Roby Sulkers''. Gespillt gëtt um 18h00 géint den FC Berdenia Berbuerg.
An enger Woch ass et dann och endlech esou wäit, d'Saison an der Éierepromotioun fänkt nees un. Opgepasst : Den éischte Match géint d'US Feelen gëtt e Samschden, den 17. August um 18h00 gespillt.
Bloen Iesel Huel se!💙🤍
