Skip to contentSkip to footer
FC Jeunesse Canach

FC Jeunesse Canach
FC Jeunesse Canach

Umellen

Throwback!

18th September 2026

FC Jeunesse Canach

THROWBACK🔥🔥!!

Wei bereets matgedeelt, steet de Freideg eise Coupe de Luxembourg Match beim SC Ell un! Wa mir e bëssen an d' Vergaangenheet reesen, bemierkt een dass et de Match Kanech géint Ell scho puer mol gouf, an dat bei den Dammen!

Den 31.05.2014 ass e Moment wou mir ganz gären drop zeréck kucken, nämlech huet do eis Dammen Ekipp an der Entente matt Union Remich/Bous, am Stade Op Flohr zu Gréiwemaacher d' Finall an der Coupe des Dames gespillt. An dat och géint den SC Ell.

Deemools konnt eis Dammenekipp sech an der Finall matt 4:0 géint den SC Ell behaapten an huet d' Coupe matt op Kanech bruecht! 💙🤍🫏

An dat duerch en Doppelpack vum Kim Olaffson, e Gol vum Marina Martinez an e Gol vum Sophie Maurer! ⚽️⚽️

Opstellung:

Joëlle Braun (GK) - Lea Kieffer - Marina Macri - Carole Krieps - Lilli Gales - Kim Olaffson - Melissa Irrthum - Marina Martinez - Catherine Mannon - Sophie Maurer (K) - Catherine Have

Mir freeën eis muer den Owend op déi éischt Begéinung vu Kanech géint Ell bei de Männer! 🫏🤍💙⚽️

#bloenieselhuelse💙🤍
#fcjeunessecanach
#allezkanech

image