Next Game! Luxembourg City

FC Jeunesse Canach

Next Game! 🔥🔥

Den 12. Spilldag an der Éierepromotioun treffen mir op den FC Luxembourg City, nodeems mir de leschte Sonndeg um Cents an d'Aachtelsfinall agezunn si geet et elo an der Liga nees géint City! ⚔️

Den eenzegen Ënnerscheed ass dass destekeier de Match bei eis am Stade Fernand Weber zu Kanech ass!

Mir hoffen a wëllen dat gutt Resultat nees dëse Sonndeg widderhuelen, fir an der Tabell rëm puer Platzen eropzeklammen! ⚔️💪🔥

Dofir brauche mir och är Hëllef, also kommt laanscht de 15.11.2026 um 16:00 an de Stade Fernand Weber a féiert eis Blo Ieselen un! 💙🤍🫏

image